D’Lëtzebuergescht ass eng Sprooch déi dem Grupp vun de westleche a germanesche Sprooche gehéiert genau wéi dat Däitscht an dat Hollänescht. Et ass eng Localvariant vum «francique mosellan» oder vum «moselfränkisch» op däitsch. Et huet seng eege Particularitéite, wat de Vokabulär wéi och d’Grammatik and’Syntax betrëfft. Ausserdem, huet et och eng grouss réimesch Stréimunge kritt et sinn ongeféier fënnef dausend Wierder déi vun der franséicher Sprooch ofstamen an lëtzebuergesch Sprooch integréiert ginn.
Zuele vun de lëtzebuergesche Riedener: 300.000
Officiell Sprooch: Se ass 1984 als officiell Sprooch am Grand-Duché proklaméiert ginn, genau wéi dat Franséischt an dat Däitscht, déi Sprooche sinn déi and der Justice an an de Verwaltungegeschwat gin.
Och geschwat: A verschidde Grenzregione wéi d’Province de Luxembourg an der Belsch, d’Deeler vun der franséischer Lorraine an an Géigende vu Bitbuerg an Tréier an Däitschland gëtte dat Lëtzebuergescht wéi en Dialekt betruecht. Nom zweete Welthrich ass et net méido enseignéiert ginn, dofir gëtt et haaptsächlech nëmmen vun den eeler heit gescwat.
An der Franséischer Communautéit an der Belsch, profitéiert déi lëtzebuergesch Sprooch vun engem «Décret sur la protection des langues régionales endogènes».
Ausserdem, gëtte dat Lëtzebuergescht vun de lëtzebuergesch Emigranten and de Verrente Staate, a Canada an an Transylvanien (wat och Siwwebuerg a Rumänien heescht) nach geschwat.
Dat Lëtzebuergescht gëtt net als eng officiell Sprooch vun der Europäescher Union betruecht.
Klassifiréierung: Indo-europäesch Sproochen > Germanesch Sproochen > Westlech germanesch Sproochen > Germanesch-hollänesch Sproochen > Héich-däitsch > Lëtzebuergesch.
System vun der Schreifweis: Latäinescht ABC, et si nach 3 Buchstabe verännert ginn an dabäikamm: é, ä an ë.
Reguléiert vum: Conseil Permanent de la Langue Luxembourgeoise (CPLL).



