Taste The Language ass e Lingua Projet, deen zum Programm Socrates vun der Commission Européenne gehéiert an den Initiateur a Partner vum Projet am Grand-Duché ass Pro-Fit S.A.
Den Zil vun esou engem Projet ass d’Léier vun den europäesche Sproochen ze förderen (däitsch, englesch, spuenesch, franséisch, lëtzebuergesch, lituanesch, hollänesch, portugisesch, rumänesch, slovakesch) andem ee gustativ a linguistesch Sessionen organiséiert a wou alleguer déi matmaachen e puer Wierder an där gezielter Sprooch léieren oder Produite vum Terroir schmaachen. Si kréien esou d'Méiglechkeet d’Kultur vun deem Land kennenzeléieren. Déi Sessionen hu schon a richteg Aktivitéiete wéi Foiren, Promotionen oder ähnlech Evenementer stattfonnt.Verschidde Partner hunn hir eege Evenementer erfonnt.
All Participant huet e Buch (datt een och am Internet erofluede kann) iwwert d’Kichen, d’Srooch an d’Land kritt a si hu sech informéiert wéini déi local an déi national Opportunitéite stattfanne fir déi Sproochen léieren ze kënnen.
Contact
PRO-FIT S.A.
Monique Hardenne
Rue Jean L’Aveugle, 32
L-1148 Luxembourg
+ 352 23 62 07 04
info@pro-fit-lu.com
http://www.pro-fit-lu.com



